Reine du vin

 

 

La Reine du Vin 2011 - Anne

         
 

Mäin Numm ass Anne Haas an ech hunn 20 Joar.

Reine du vin 2011 - Anne

Säit meiner Gebuert wunnen a liewen ech zu Maacher, sinn och do fier d’éischt an d’Primärschoul an duerno fir e puer Joar an de Lycée gaang.


Dëst Joar hunn ech mein Première, „Sciences humaines et sociales“, am Meedercherslycée an der Staat erfollegräich ofgeschloss.


An nächster Zäit wärt ech mäin Studium zu München weiderféieren.


A meiner Fräizäit woar ech natierlech ëmmer gär mat deenen aneren Prinzessinnen op de Wäifester ënnerwee. Nieft dësen erfreelechen Sortie’en ginn ech och gär mat Kollegen op den Tour, spille gär Tennis, lafe laanscht d’Musel a ginn och gär op d’Rees.


D’Lynn Mantz, d’Claire Sertznig, d’Renée Thommes an d’Muriel Schu wäerte mech dest ganzt Joar op déi sëllechen flott Fester an och aner Manifestatiounen begleeden a mir wäerten zesummen vill Spaass hunn.


Ech sënn frou déi 62. Wäikinnigin däerfen ze sinn an engagéieren mech zesummen mat meine 4 Prinzessinnen de goude letzeborger Wäin, Maacher an eis schéin Muselgeigend bestens ze vertrieden.


 
   
   
   
   
    Comité des fêtes 2011    
    D'Wäikinnigin mat den Prinzessinnen, dem Comité des Fêtes an der Commission Technique    
         

 



Hit Counter by Digits